World Press Photo AwardOpnam vu Famill, déi vun ICE-Agente getrennt gëtt, ass Pressfoto 2026

AFP, iwwersat vun RTL
2025 sinn honnerten Opname vu Familljen, déi an den USA vun ICE-Agente getrennt goufen, ronderëm gaangen. Eng Foto ass elo mam World Press Photo Award geéiert ginn.
D'Foto "Separated by ICE" gouf mam World Press Photo Award ausgezeechent
D'Foto "Separated by ICE" gouf mam World Press Photo Award ausgezeechent
© Carol Guzy / ZUMA Press, iWitness, for Miami Herald

Eng Foto vun enger ecuadorianescher Famill, déi vun der US-Immigratiounspolice ausernee gerappt gëtt, gouf en Donneschdeg mam World Press Photo Award 2026 ausgezeechent. D'Bild "Getrennt duerch ICE" gouf zejoert vun der US-Fotografin Carol Guzy fir de "Miami Herald" opgeholl. D'Opnam weist de Moment, an deem Beamte vun der Immigratiounspolice ICE e Familljepapp virun engem Geriichtssall ofgefouert hunn, wärend seng Familljemembere sech u sengem Hiem unhalen.

D'Foto ass aus enger Serie, déi d'Guzy 2025 an de Gäng vun engem Geriicht zu New York opgeholl hat. Do goufe Famillje vun der Awanderungspolice getrennt, wat zu deels immens emotionalen Zeene gefouert huet. "Mir bezeien d'Leed vu sëllege Familljen, mä och hir Würd a Widderstandsfäegkeet, déi alles iwwerwënnt", huet d'Fotografin erkläert, déi fir d'Agencë Zuma Press an iWitness schafft.

D'Cheffin vu World Press Photo, d'Joumana El Zein Khoury, huet d'Foto als "androcksvollt Beispill" fir d'Bedeitung vun onofhängegem Fotojournalismus genannt. "An enger Demokratie déngt d'Kamera an dësem Gank als Zeie vun enger Politik, déi Geriichtsgebaier zu Plaze vun zerbrachene Liewe gemaach huet."

De World Press Photo Award ass ee vun de renomméiertste Concourse fir Pressfotografen. All Joer gi vun der hollännescher Stëftung World Press Photo dobäi déi bescht Biller vun der Press ausgezeechent. Nieft dem "Pressfoto vum Joer" zeechent de Jury och Opnamen an anere Kategorien aus.

Am Ganze goufe 45 bescht Pressefotoe vun 2025 a verschiddene Kategorien an uechter d'ganz Welt ausgewielt. Erageschéckt gi ware 57.376 Opname vun 3.747 Fotografen.

All d'Fotoe fannt Dir um Site vu World Press Photo.

Back to Top
CIM LOGO