Et ass d’Geschicht vum jonke Prënz vun Dänemark, deen duerch den Doud vu sengem Papp mat staarken ënnerleche Konflikter ze kämpfen huet. Obwuel dëst Stéck schonn x-mol interpretéiert an opgefouert gouf, huet et bis haut näischt vu senger Beléiftheet verluer. Och déi Lëtzebuerger Regisseurin Myriam Müller huet sech un dëst monumentaalt Wierk erugewot. D’Sandy Elsen war bei deene leschte Prouwen dobäi.
“Hamlet” ass e Wierk, dat déi grouss Theme vun der Mënschheet abordéiert: vun der Léift, iwwer den Doud, bis hin zur Politik. D’Myriam Müller huet virun allem den Aspekt vun der Famill gereizt.
Och wann et een immens philosophescht an existenziellt Stéck ass, gëtt den Hamlet net, wéi üblech, vun engem eeleren, zanter Jore confirméierte Schauspiller, ma vun deem jonken Acteur Simon Espalieu gespillt. D’Myriam Müller huet de Fokus ganz bewosst op déi jonk Generatioun geluecht, an esou deem méi wéi 400 Joer ale Stéck eng nei Aktualitéit ginn.
D’Virstellungen am Kapuzinertheater sinn ausverkaaft, ma tëschent dem 22. an 30. Abrëll ass den Hamlet nach am Kulturhaus zu Nidderaanwen an am Kinneksbond zu Mamer ze gesinn.
Detailer fannt Dir op www.theatrecentaure.lu