A senger Konscht spréngt hien tëscht de Medien an Disziplinnen hin an hier, vun der Zeechnung iwwer de Film bis bei d’Oper. Ënnert dem Titel “More Sweetly Play the Dance” weist de Mudam Wierker, déi de südafrikanesche Kënschtler am Laf vun de leschte Jore geschafen huet.
Kuckt ee sech déi vill verschidde Wierker genau un an et konzentréiert ee sech op d’Szenografie, da kéint ee bal mengen, et wier een an engem Kënschtler-Atelier. De William Kentridge selwer bezeechent dëse carrement als Fortsetzung vu sengem Geescht.
D’Ausstellung, déi am Kader vum Red Bridge Project zesumme mat der Philharmonie an dem Groussen Theater konzipéiert gouf, mécht däitlech, wéi villschichteg dem William Kentridge säi Wierk ass. Op zwou Etagë ginn et nieft Filmer an Zeechnungen och Skulpturen a Klangaarbechten ze entdecken.
Déi vill verschidde Wierker si nach bis den 30. August am Mudam ze gesinn.