
D'AFP berifft sech dobäi op d'Auktiounshaus Actéon. Am Viraus war d'Bild op 4 bis 6 Milliounen Euro geschat ginn, dëse Präis ass also däitlech iwwerschratt ginn.
Wéi franséische Medie mellen, géing d'Bild aus engem Haus vun enger eelerer Fra an der Géigend vun der nordfranséischer Stad Compiègne kommen. Der fréierer Besëtzerin war wuel net bewosst, dass d'Bild esou wäertvoll wier.
Dat klengt Wierk weist op gëllenem Ënnergrond de Christus a ronderëm hien eng Mënschemass. D'Wierker vum Cenni di Pepo (ongeféier 1240 bis 1302), wéi den Cimabue eigentlech heescht, sinn immens rar. De Moler vu Florenz gëllt als ee vun de wichtegste Personnagë vun der italienescher Vir-Renaissance.
Detailer iwwer de Keefer ginn et keng. De franséische Konschtexpert Eric Turquin hat am Virfeld erkläert, dass d'Bild echt wier.