“MammOmmaM“ vu MASKéNADAEng Kierch zur Bün gemaach fir Stéck iwwer Relatioun Mamm-Duechter

Sandy Elsen
De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA huet sech fir hir neiste Produktioun "MammOmmaM", déi um Freideg den Owend Première feiert, eng Kierch zur Bün gemaach.
“MammOmmaM“ vu MASKéNADA
De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA huet sech fir hir neiste Produktioun “MammOmmaM”, déi um Freideg den Owend Première feiert, eng Kierch zur Bün gemaach.

“MammOmmaM"ass ee biografeschen Theaterprojet iwwer d’Roll vun der Mamm – vill méi nach iwwer d’Bezéiungen tëscht Mammen an hire Meedercher. D’Regisseurin Tammy Reichling wollt mat dësem Stéck erfuerschen, wéi sech des ganz besonnesch an intensiv Relatiounen iwwer déi lescht 70 Joer entwéckelt hunn. De Projet baséiert op Interviewe mat Fraen aus verschiddene Generatiounen an op biografesche Recherchë vun deene bedeelegte Performerinnen. Fir déi vill Geschichten em dat ambivalent Thema spannend ze verpaken, gëtt mat deene verschiddensten artistesche Medie geschafft – vun der Schauspillerei iwwer den Danz bis hin zur Literatur.

Fir d’Regisseurin war d’ Kierch déi ideal Plaz, fir déi vill Erzielungen ëm d’Mammen-Duechter-Relatioun zum Liewen ze bréngen – eng Plaz, op där jo och d’Muttergottes ugebiet gëtt.

Gespillt gëtt bis den 18. Juli an der Donatus-Kierch zu Gréiwels.

Weider Informatiounen an Tickete ginn et um Site www.maskenada.lu

Back to Top
CIM LOGO