
D’Chloé Zhao, dat zu Peking gebuer gouf, hat mat hirem Road-Movie “Nomadland” schonn de Golden Globe als bescht Regisseurin gewonnen. D’Brittin Emerald Fennell huet de Thriller “Promising Young Woman” realiséiert.
An der Regie-Kategorie konkurréieren déi zwou Frae mam Filmmécher Lee Isaac Chung, deen d’Geschicht vu senger Famill, déi vu Korea an d’USA agewandert ass, am Drama “Minari” verschafft huet.
Och “Mank” iwwer d’Creatioun vum Hollywood-Klassiker “Citizen Kane” vum David Fincher an de Thriller “The Trial of the Chicago 7" vum Aaron Sorkin goufen nominéiert.
D’DGA-Präisser sinn e wichtegen Indicateur dofir, wie bei den Oscare gutt ofschneide kéint.
Just eng Fra, d’Kathryn Bigelow, huet bis ewell an der DGA-Topkategorie mat “The Hurt Locker” gewonnen. Kuerz drop hat si am Mäerz 2020 bei den Oscaren als bis elo eenzeg Fra de Regiepräis an nach aner Trophäe fir de Krichsdrama gewonnen.
Fir de Sozialdrama “Nomadland” gouf et och Nominéierungen a verschiddene Kategorië fir d’Präisser vun den “British Academy of Film and Television Arts” (Bafta), wéi d’Akademie en Dënschdeg matgedeelt huet. D’Chloé Zhao ass eng vu véier Fraen ënnert de sechs Nominéierten an der Spart “Bescht Regie”. D’"Nomad"-Actrice Frances McDormand ass an der Auswiel fir de Präis als bescht Haaptduerstellerin.
D’Bafta-Awards ginn den 11. Abrëll verginn, d’DGA-Präisser den Dag virdrun. D’Oscar-Zeremonie gëtt dëst Joer wéinst der Coronapandemie op de 25. Abrëll verluecht.