Archälogischer Rundgang durch LuxemburgEn neit Buch vum nationalen Archeologie-Center

RTL Lëtzebuerg
Et proposéiert Informatiounen iwwer historesch Sitten am Land, an der Haaptsaach Réimesches, mä och e bësse Steenzäit a Mëttelalter.
© Andy Brücker / RTL

Dat Buch ass opgebaut fir praktesch ze sinn. Alphabetesch sinn d'Plazen opgezielt, et geet vun A wéi Allënster mat der Härtcheslay bis op W wéi Walfer mat de Raschpëtzer. 44 Plazen, all Kéier mat enger Säit Text, mat Fotoen oder Zeechnungen. An, ganz wichteg, och an de Notizen d'Basisliteratur zu de Sitten, also wéi e Wëssenschaftler wou wat doriwwer geschriwwen huet. Esouvill virop: e ganz praktescht Buch, Hardcover a faarweg.

Den Nico Graf huet gelies a gekuckt.

Archäologischer Rundgang duerch Luxemburg - Rep.: Nico Graf

D'Kasematten, Duelem, d'Villa vun Iechternach, de Menhir vu Miersch – dat sinn nëmmen e puer Statiounen, déi am Buch Archälogischer Rundgang durch Luxemburg – presentéiert ginn

De Nico graf war mam Buch a mam Auteur iwwerdeems op eng réimesch Plaz am Bësch zu Lelleg.

Archäologie (Deel 2)/Reportage Nico Graf

Back to Top
CIM LOGO