Alles wat een um 22. Februar dëst Joer an eng Boîte geheit, déi och haut nach eidel gemaach gëtt, kritt am Centre de Tri zu Beetebuerg e ganz spezielle Stempel. An effektiv rechent ee bei der Post domadder, dass wéinst dem Datum mat de villen Zweeën um Dënschdeg och méi Bréiwer verschéckt goufe wéi op engem normalen Dag.
An den Datum ass och net dat eenzegt um Bréif, wat nach Spezielles bei der Post ze kréien ass. Nei ass och en Esch2022-Timber, deen et vun elo un ze kafen gëtt.