60 Joer am BusinessD'US-Schauspillerin Jessica Walter ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Bekannt war d'Actrice besonnesch wéinst hirer Roll als Groussmamm an der Comedy-Serie "Arrested Development". D'Jessica Walter ass 80 Joer al ginn.
© AFP/Archiv/LISA O’CONNOR

Méi wéi 6 Joerzéngte war si um groussen an um klengen Ecran ze gesinn. Hir gréisste Freed wier et gewiescht, “aneren duerch hir Geschichten Freed ze bereeden, sief et um Ecran oder donieft”, huet hir Duechter Brooke Bowman en Donneschdeg matgedeelt. Hire Kolleeg aus der Serie “Arrested Development”, Tony Hale, huet si an engem Tweet als “Kraaft” an “Talent” bezeechent.

D’Gewënnerin vun engem Emmy hat hiren Duerchbroch am Joer 1966 mam Film “Grand Prix”. Spéider huet si an Dosende Serien a Filmer matgewierkt, dorënner un der Säit vum Clint Eastwood am Thriller “Sadistico”.

Back to Top
CIM LOGO