Am Kader vum CinEast Festival kann ee sech an der Abtei Neimënster den Ament eng Ausstellung ukucken, déi op déi physesch Maueren an déi sozial Barrièren an eiser Gesellschaft opmierksam mécht.
D'Ausstellung mam Titel "Down with walls!", déi an Zesummenaarbescht mam Institut Pierre Werner organiséiert gouf, weist 6 fotografesch Projeten, déi de Fokus op Barrière leet, déi Länner, Communautéiten a Mënsche vuneneen trennen.
Nach bis den 20. Oktober kann ee sech d'Ausstellung an der Abtei Neimënster ukucken.