
Zu den Neizougäng gehéieren ënner anerem de britteschen Acteur Robert Pattinson, d’Sängerin Janet Jackson an déi bulgaresch Schauspillerin Maria Bakalova, wéi d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences matgedeelt huet. 46 Prozent vun den neie Membere si Fraen, 39 Prozent gehéiere Minoritéiten un a méi wéi d’Hallschent sinn international Filmschafender.
D’Akademie-Memberen entscheeden all Joer, wat fir eng Filmer a Filmschafender mat engem Oscar ausgezeechent ginn. Viru 5 Joer hat d’Spëtzt vun der Akademie zougesot, d’Zuel u Fraen an net-wäisse Memberen an der Akademie ze verduebelen. Domat hat si op Boykott-Opriff géint d’Oscar-Zeremonie a Proteststierm an den Online-Netzwierker ënnert dem Slogan #OscarsSoWhite reagéiert.
Fir d’Zil ze erreechen, waren an de vergaangenen 3 Joer jeeweils iwwer 800 nei Memberen opgeholl ginn. Amplaz 6.000 huet d’Oscar-Akademie elo bal 10.000 Memberen. Déi nächst Oscar-Zeremonie soll de 27. Mäerz 2022 iwwer d’Bün goen.