Thema Frontalieren an de RotondesDiskussiounsronn mam Jean Portante a Sophie Langevin

RTL Lëtzebuerg
"Frontalier.ières Questions de visibilisations et d'invisibilisations", dat ass den Titel vun enger Diskussiounsronn en Donneschdeg an de Rotonden.
© RTL Archiv

Diskussiounsronn Frontalieren / Reportage Bea Kneip

Direkt 2 Theaterstécker hu sech rezent mam Thema vun de Grenzgänger beschäftegt. Dozou d’Jeanne Glesener vun der Uni Lëtzebuerg:

“Frontaliers, frontalières, Questions d'(in)visibilisations”, am Fong geet den Titel an iwwerhaapt d’Iddi vun der Manifestatioun op d’Tatsaach zeréck, dass praktesch zur gläicher Zäit am Theater zwee Stécker ze gesi ware mat plus ou moins deem selwechten Titel. Eemol ‘Frontalières’ vum Sophie Langevin an eemol ‘Frontalier’ vum Jean Portante. An do hu mir eis geduecht, zesumme mam Tonia Raus, wat zesumme mat mir déi Manifestatioun organiséiert, dat ass villäicht e pueren Zoufall, mä dee muss een dach awer interpelléieren, virun allem, wann een ebe sech drun erënnert, wéi wichteg d’Thema vun de Frontalieren an deem leschte Joer war, am Kader eben vun der Pandemie.”

Eng Visibilitéit, déi duerch esou en Evenement soll erhale ginn. D’Sophie Langevin an de Jean Portante wäerten op der Soirée de 25. Mäerz present sinn an d’Thema aus hire ganz verschiddene Bléckwénkelen diskutéieren.

Jean Portante: “Et gëtt jo méi Aart a Weisen, iwwer en Thema ze schreiwen, an d’Sophie Langevin huet am Fong geholl Temoignagë geholl vu Frontalieren. A wann een déi op d’Bün bréngt, da kritt een och eppes. Bei mir ass et eppes aneschtes, et ass en imaginäre Monolog, obschonn och bei mir Temoignagen dra sinn.”

Den Historiker Denis Scuto erkläert a senger Aleedung de Phänomen aus enger historescher a gesellschaftlecher Perspektiv. Moderéiert gëtt d’Soirée vum Carole Bisenius-Penin vun der Université de Lorraine, fir d’Uni Lëtzebuerg sinn d’Tonia Raus an d’Jeanne Glesener op der Plaz.

“Frontalier.ières Questions de visibilisations et d’invisibilisations” gëtt organiséiert an Zesummenaarbecht tëscht der Uni Lëtzebuerg, dem Institut Français, de Rotonden an dem Observatoire du Milieu littéraire franco-luxembourgeois a schreift sech an de Kader vum Mois de la Francophonie an. Et kann ee sech nach fir d’Soirée umellen, oder et kann ee se nach eng Woch duerno um Internetsite vum Observatoire du Milieu littéraire franco-luxembourgeois kucken.

Liest dozou och dësen Artikel

Back to Top
CIM LOGO