RTL-Summer-Mag - Open Air Kino zu EschDinosaurier, Schweinchen Babe a Mary Poppins ënner fräiem Himmel

RTL Lëtzebuerg
De ganze Summer iwwer ginn an allen Ecker vum Land eng ganz Rei Festivitéiten an Evenementer gebueden.
VIDEO: De SummerMag vum 22. August 2019
Eist Thema haut: Open Air Kino: Dinosaurier, Schweinchen Babe a Mary Poppins ënner fräiem Himmel.

Zu engem feste Rendezvous zielen do Filmprojektiounen ënner fräiem Himmel, dorënner och zu Esch.

Fir di mëttlerweil 7. Editioun an der Minettemetropol gouf de Programm awer dëst Joer nach ausgebaut: well schonn um Donneschdeg am Nomëtte gouf den éischte Film gewise, also éiert et Däischter gouf. Den Ouverturesfilm Mary Poppins huet direkt ganz vill Leit an de Parc Laval bei der Schwemm gezunn, dorënner eng ganz Partie Eltere mat Kanner.

Bis e Freideg den Owend spéit an d'Nuecht wäerten et am ganze 6. Virféierunge ginn, dat mat enger ganz variéierter Programmatioun.

Mir ware bei der Premiere am Lavals Park derbäi.

Back to Top
CIM LOGO