Déi brittesch Actrice huet de Kampf géint de Kriibs verluerD'Helen McCrory, bekannt als Narcissa Malfoy an der Harry-Potter-Saga, ass dout

RTL Lëtzebuerg
Mat 52 Joer huet d'Actrice Helen McCrory de Kampf géint de Kriibs verluer, wéi hire Mann e Freideg op Twitter matgedeelt huet.
© AFP/Archives/JUSTIN TALLIS

“Mäin Häerz ass gebrach”, huet den Damian Lewis op Twitter geschriwwen. Seng “wonnerschéi Fra” wier friddlech doheem am Krees vun der Famill gestuerwen. D’Koppel war zanter 2007 bestuet an hat 2 Kanner.

Déi brittesch Schauspillerin war besonnesch bekannt fir hir Rollen a Filmer wéi “Skyfall” (2012) an “Harry Potter”. An där Rei war si als Narcissa Malfoy, also d’Mamm vum Draco, ze gesinn. Donieft huet si an der Fernseeserie “Peaky Blinders” matgespillt. Hir éischt kleng Roll hat si am Film “Interview mit einem Vampir”.

Back to Top
CIM LOGO