Reaktioun op KritikD'Golden Globes gi méi villfälteg an inklusiv

RTL Lëtzebuerg
No der massiver Kritik wéinst engem Manktem u Vilfalt bei de Golden Globes hunn d'Organisateure vun de renomméierten US-Filmpräisser Ännerungen ugekënnegt.
© AFP

Zukünfteg sollen och friemsproocheg an animéiert Filmer an der Course ëm d’Präisser an den Top-Kategorien deelhuelen däerfen. Dat hunn d’Organisateure vun der Hollywood Foreign Press Association (HFPA) wësse gedoen.

Mat dësem Schrëtt reagéiert d’HFPA ënner anerem op d’Roserei vu ville Filmfans, datt dee vun de Kritiker gefeierte Film “Minari” dëst Joer bei der Zeremonie just an der Kategorie “friemsproocheg Filmer” bewäert ginn ass. De Film gouf haaptsächlech op Koreanesch gedréit, spillt awer am US-Bundesstaat Arkansas.

Och “Parasite”, den Oscar-Gewënner vum leschte Joer, hat bei de Golden Globes net an de Kategorien “Bescht Komedie” oder “Beschte Film” däerfen untrieden. Dës gëlle jo als déi wichtegst Auszeechnungen.

Dëst Joer huet sech d’HFPA “fir nei Usätz” entscheet, “déi sécherstellen, dass dës Filmer déi Opmierksamkeet kréien, déi se verdéngen”, sot den HFPA-President Ali Sar. “D’Sprooch wäert keng Barrière méi fir d’Unerkennung als déi Beschte sinn”.

Leschte Mount hat de Verband mat iwwerwältegender Majoritéit eng Rei vu Reforme decidéiert, fir “méi inklusiv a villfälteg” ze ginn. Zu de weideren Ännerungen zielen de Verbuet fir Memberen, Kaddoen unzehuelen, d’Rekrutéierung vun Diversity-Beroder an d’Ariichte vun enger anonymmer Hotline fir Reklamatiounen.

Am Mee hat den US-Sender NBC ugekënnegt, d’Iwwerreechung vun der Filmpräisser d’nächst Joer net méi ze iwwerdroen. Dës Decisioun war virum Hannergrond vun der Kritik un de Golden-Globes-Organisateure getraff ginn, deenen Diskriminéierung, Rassismus an deels och Korruptioun virgehäit gouf.

Back to Top
CIM LOGO