
No 8 Joer am Finanzsecteur huet si sech duerch e Schicksalsschlag nei orientéiert an de Wee zréck bei hir eigentlech Passioun fonnt: d’Fotografie. Virun allem eng ganz speziell Technik aus dem 19. Joerhonnert huet et hir ugedoen, mat Hëllef vun där si de Mënsch an de Mëttelpunkt vun hirer Aarbecht stellt.
D’Séverine Peiffer erkläert wat et mam sougenannten “Collodion humide” op sech huet a wéi e Rôle Gedold dobäi spillt. D’Fotografin erzielt awer och iwwert hir aktuell Expo “Transitions”, der Wichtegkeet vun de jonken Generatiounen, an wat et heescht Portraiten an Zäiten vu Selfien ze maachen:
D’Fotografin Séverine Peiffer erzielt ënnert anerem iwwert eng Technik aus dem 19. Jhd., hir aktuell Expo an dem Faibel fir Portraiten.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
