Institut Grand-DucalDen Eric Schumacher gouf mam Prix Arts et Lettres ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend gouf de Präis fir jonk Kënschtler vum Institut Grand-Ducal Section des Arts et Lettres vum Joer 2020 iwwerreecht.

Bei der 7. Editioun gouf de Präis an de Kategorië plastesch Konscht an Architektur verginn. Wéinst der Pandemie huet d’Präisiwwerreechung misse verréckelt ginn.

De Laureat Eric Schumacher koum 1985 zu Esch op d’Welt a war op der École de Recherche Graphique (ERG), huet e Bachelor um Edinburgh College of Art gemaach an duerno zu Berlin “Interdisziplinäres Raumlabor” studéiert. Seng Wierker goufen zu Diddeleng am Centre d’Art Dominique Lang, an der Stad an am Künstlerhaus Bethanien zu Berlin ausgestallt. Bei Gruppenexpositiounen zu Düsseldorf, Athen, Edinburgh, London oder och zu Glasgow war eng Selektioun vu senge Konschtwierker ze gesinn.

Nieft der Auszeechnung mam Prix Arts et Lettres war hie scho fir de Prix d’Art Robert Schuman an Edward Steichen Award nominéiert an huet ënnert anerem de Visual Arts Award Edinburgh a Royal British Society of Sculptors Bursary Award gewonnen.

Den 24. Abrëll kann ee Wierker vun him am “Schaufenster” vun der Konschthal zu Esch gesin.

PDF: Prix Arts et Lettres 2020

Back to Top
CIM LOGO