Guinness-Buch vun de RekorderDen eelste Kino vun der Welt steet a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Den Eden-Filmtheater an der Hafestad La Ciotat gouf elo als eelste Kino weltwäit unerkannt, deen nach a Betrib ass.
© AFP/Nicolas TUCAT

Bis ewell huet de Pionéier-Kino zu Stettin a Polen als eelste Kino vun der Welt gegollt. Dësen huet seng Dieren 1909 opgemaach. Ma do virdrun huet awer schonn den “Eden-Théâtre” am Joer 1899 Filmer vun de Lumière-Bridder gewisen.

D’Gebuertsstonn vum Film, also déi éischt ëffentlech Diffusioun vum Louis an Auguste Lumière war awer 4 Joer méi fréi zu Paräis. Et huet allerdéngs kee Kino aus där Zäit iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO