
Bei der Stee en Donneschdeg goung de Präis rapid an d'Luucht, sou Sotheby's.
Um 2,5 Meter héijen an 4,2 Meter breede Bild sëtze Schimpansen amplaz Politiker op de grénge Bänken am briteschen House of Commons. Sotheby's hat de Wäert am Virfeld op 1,5 bis 2 Millioune Pond geschat. Déi elo erziilten Zomm ass e Rekord fir d'Wierk vum britesche Kënschtler, deem seng Identitéit onbekannt ass. Bis elo louch de Rekordpräis vun engem vu senge Wierker bei ëmgerechent 1,7 Milliounen Euro.