RIPDéi bekannten amerikanesch Operesängerin Jessye Norman ass dout

RTL Lëtzebuerg
Si ass am Alter vu 74 Joer an engem Spidol zu New York gestuerwen. Dat huet hir Famill bekannt ginn.

Wéi et heescht ass d'Grammy-Gewënnerin un engem septesche Schock a multipellem Organversoen gestuerwen. Et waren no enger Operatioun um Réck Komplikatiounen opgetrueden.

1945 war d'Jessye Norman am US-Südstaat Georgia op d'Welt komm an ass Enn den 1960er Joren an Europa komm, wou si un der Oper zu Berlin engagéiert gouf. Si huet als éischt afroamerikanesch Kënschtlerin an der Operewelt grousse Succès gehat.

D'Jessye Norman ass an enge sëllechen renomméierten Haiser opgetrueden, ënnert anerem an der La Scala zu Mailand an an der Metropolitan Opera zu New York.

15 mol war si fir de Grammy noméiert, véier mol huet si e gewonnen. 2006 krut si de Grammy fir hiert Liewenswierk.

D'Jessye Norman huet bei de Vereedegunge vun zwee amerikanesche President gesongen, bei der Ouverture vun den Olympesche Summerspiller 1996 zu Atlanta a bei de Feierlechkeete fir den 200. Anniversaire vun der franséischer Revolutioun am Joer 1989. An de leschte Joren ass si nach just ganz rare opgetrueden.

Back to Top
CIM LOGO