
Dat confirméiere béid Parteien an engem gemeinsame Communiqué. Finkapé, déi d’Leit mat afrikaneschen Originnen hei zu Lëtzebuerg vertrëtt, hat d’Polemik Mëtt Mäerz declenchéiert, awer ëmmer betount, et wéilt een net mam Fanger op een Eenzele weisen, mä en Debat opmaachen.
Responsabeler vu Samsa Film an vu Finkapé hu sech leschte Samschdeg getraff. D’Formulatioune mat ville Stereotyppen am Casting-Opruff waren donieft, do wären d’Gespréichspartner sech eens gewiescht, ass ze liesen.
Allerdéngs wär et och net ganz richteg, d’Annonce als “rassistesch” ze bezeechnen. Et wär de Cineasten drëms gaangen, en Dekor ze schafen. Eng Conclusioun iwwer d’Geschicht, déi jo vill méi komplex an nuancéiert ass, wär doraus net ze zéien.
An der Diskussioun hätt sech méi e vaste Problem gewisen: An der Filmindustrie zu Lëtzebuerg feelt et un Diversitéit, ob dat bei den DuerstellerInnen oder beim technesche Personal ass.
Een Uleies vu Finkapé war et och, de Produzenten un d’Häerz ze leeën, méi dacks positiv konnotéiert Rolle mat Mënschen aus Minoritéiten ze besetzen.
Et wär donieft wëssenschaftlech beluecht, dass et en negativen Impakt op dat alldeeglecht Liewe vu Leit mat afrikaneschen Originne gëtt, wann negativ Rollen (wéi Dealer, Krimineller, oder Prostituéierter) an der Fiktioun just vun dëse Leit gespillt ginn.
D’Zil vu Finkapé wär et net, d’Konschtfräiheet ze beschneiden, mä d’Realitéit zu Lëtzebuerg ze beschreiwen. An déi wär eben divers. De Film kéint dat och esou duerstellen.
D’Fro vun der Representativitéit am Kino soll och zesumme mam Filmfong verdéift ginn. All aner Acteuren aus dem Secteur kënne sech uschléissen.
De Communiqué ass ënnerschriwwe vun der Spriecherin vu Finkapé Antonia Ganeto a vum Produzent bei Samsa Film, dem Claude Waringo.