
Op den Dag genau, nämlech den 22. Mäerz, feiert de Science-Fiction-Veteran ronne Gebuertsdag. Dass hien iergendwann esou een erfollegräichen a beléifte Schauspiller géing ginn, domat hätt hie warscheinlech net gerechent.
Éier hien 1966 d’Roll als Captain Kirk ugeholl hat, huet de fréiere Wirtschaftsstudent säin Talent am Theater op d’Prouf gestallt an ass um Broadway an op der Tëlee opgetrueden.
Den Hype ëm Enterprise huet allerdéngs op sech waarde gelooss. No 3 Staffelen a schwaachen TV-Quote gouf Star Trek agestallt. Eréischt wéi d’Follegen ugangs 70er Joren nees diffuséiert goufen, ass eng kleng Fan-Communautéit entstanen.
Nieft den éischte 7 Star-Trek-Filmer huet de Shatner och an der Police-Serie “T. J. Hooker” oder bei “Boston Legal” matgespillt. Nieft der Schauspillerei huet hien och aner kënschtleresch Talenter. Hien huet ënnert anerem verschidden Autobiographien a Memoirë geschriwwen an huet sech an der Musekswelt ausgetoobt an am Oktober 2020 e Blues-Album verëffentlecht.
Trotz héijem Alter denkt den Acteur net drun, an d’Pensioun ze goen. An e puer Deeg kënnt nämlech d’romantesch Komedie “Senior Moment” eraus, an deem hien d’Haaptroll spillt.
Ganz op seng Roll als Captain Kirk kann a wëll de Shatner wuel net verzichten. Am Summer kënnen “Trekkies” zesumme mam Kanadier en Dag um Set vu Star Trek verbréngen. Eng Tour mam Schauspiller kascht 499 Dollar, eng Foto mat Hollywood-Star zousätzlech 160 Dollar an en Autogramm 80 Dollar. Eng Partie trei Fans kënnen esouguer fir 1.500 Dollar mam Captain Kirk zu Owend iessen an op der Bréck vun der Enterprise schnëssen.