33 Joer fir d'Lëtzebuerger LiteraturDe Verlag Op der Lay mécht seng Dieren zou

Bea Kneip
Ee Kapitel geet op en Enn, een Neit fänkt un.
De Stand vun Op der Lay op de Walfer Bicherdeeg 2024
D'Doris Bintner an den Eric Steffen um Stand vun Op der Lay op de Walfer Bicherdeeg 2024
© RTL/Bea Kneip

No 33 Joer ass elo Schluss. Wéi déi Responsabel vum Verlag Op der Lay, Doris Bintner an Eric Steffen, matdeelen, hunn si déi schwéier Entscheedung getraff fir mat der Verlagsaarbecht opzehalen. Mat vill perséinlechem Asaz an Idealismus hu si déi leschte Joren nieweberufflech de Betrib gefouert. Fir den Eric Steffen war et d'Gebuert vu senger klenger Duechter am September 2024, déi alles verännert huet. Hie wëll elo en neit Kapitel opschloen an endlech méi Zäit mat senger Famill verbréngen.

D'Geschicht vun Op der Lay:

1993 gouf de Verlag Op der Lay vun der Renée Weber an dem Robert Gollo Steffen gegrënnt. Domat waren déi éischt Zeile vun engem neie Kapitel Lëtzebuerger Literaturgeschicht geschriwwen. Krimie vum Marco Schank, Kannerbicher fir Erwuessener aus der Fieder vum Roland Meyer, déi literaresch Karriär vun der Schrëftstellerin a Musekerin Claudine Muno oder Billerbicher vun der Renée Weber, am Verlag Op der Lay fënnt ee vun allem. Iwwer laang Joren huet de Verlag d'Gesiicht vun der Lëtzebuerger Literatur mat gepräägt.

Bicher vun der Op der Lay goufen och bei de wichtege Literatur-Präisser ausgezeechent: De Prix Servais goung 2004 un d'Claudine Muno fir "Frigo" an 2015 un de Roland Meyer fir "Roughmix". Och beim Lëtzebuerger Buchpräis haten si dacks d'Nues vir: 2016 an 2017 gouf et souguer en Doublé, wou de Präis souwuel an der Kategorie "Literatur" wéi och an der Kategorie "Kanner a Jugendbuch" u Bicher vun Op der Lay goung.
2016 un d'Claudine Muno fir "Komm net kräischen" an un d'Renée Weber fir d'Kannerbuch "Eng Maus am Haus". 2023 goung de Buchpräis iwwregens nach eng Kéier un d'Claudine Muno, fir "Dëst ass net däi Liewen".

2017 war de Buchpräis an der Kategorie Literatur un de Charles Meder fir säin Debutroman "Aname". De Präis an der Kategorie Kanner a Jugendbuch war fir de Roland Meyer fir "TelMo" säi "Kannerbuch fir erwuesse Leit" an deem hien déi verstéierend Geschicht vun engem Jong erzielt, deen haut als "Systemsprenger" géif bezeechent ginn.

Fir "All Dag verstoppt en aneren" gouf de Gast Groeber 2016 souguer mam "European Prize for Literature" (EUPL) belount.
E beandrockende Palmarès fir e klenge Verlag!

2019 gouf et e Wiessel un der Spëtzt vun Op der Lay: De Robert Gollo Steffen huet sech zeréckgezunn. Bei der Zeremonie vum Lëtzebuerger Buchpräis 2019 gouf et eng ganz speziell Iwwerraschung fir de Gollo Steffen: "Eng Rees am Krees" e Buch un dem eng ganz Rëtsch Op der Lay-Auteure matgeschafft haten, an dat dem Gollo seng Karriär als Museker, Auteur an Editeur gewierdegt huet.

De Gollo Steffen op de Walfer Bicherdeeg
De Gollo Steffen op de Walfer Bicherdeeg
© Op der Lay

Zënterhier leede säi Jong Eric Steffen a seng Associée Doris Bintner d'Geschécker vum Verlag. Eng grouss Aufgab, bei der et net just drëm geet fir Bicher ze verëffentlechen, mä och dofir ze suergen, dass d'Leit se kafe kënnen, sief et an de Bicherbutteker oder am Online-Shop vum Verlag.

En Online-Shop, an deem een esou munch kleng Bijouen aus der Lëtzebuerger Literaturgeschicht erëmfënnt. Zum Beispill "La Quête", den éischte Roman vum Nowuesstalent Antoine Pohu. Oder "Auf Rufweite", eng Erzielung vun der Batty-Weber Laureatin Margret Steckel. Och Sachbicher si mat dobäi: "Confinement Cocktails", 48 Cocktail-Rezepter déi d'Auteure Françoise Reuter an Daniel Eischen wärend dem Pandemie-Joer 2020 zesummegestallt haten. Oder d'Kachbuch "Cook it like Tammy" (leider scho vergraff!) Mä soss ass nach bal alles aus 30 Joer Verlagsgeschicht ze kréien, awer et muss ee sech begannen, well den Online-Shop ass just nach bis den 31. Juli accessibel.

Ech erënnere mech gär u vill flott Lies-Momenter mat de Bicher vun Op der Lay. Dofir hei just e puer vu menge perséinlechen Highlights aus dem Programm vun Op der Lay:

Charles Meder: "Aname" (2017)

Claudine Muno: "Komm net kräischen" (2016)

Gast Groeber: "Eng Stad ënnert dem Himmel" (2016)

Der ganzer Ekipp vun Op der Lay e grousse Merci fir déi lescht 33 Joer, an dem Doris an dem Eric all Guddes fir d'Zukunft!

Communiqué: Op der Lay

Back to Top
CIM LOGO