
Elo ass och den zweeten Troublemaker dout.
Den Ender Frings, deen un der Säit vum Thierry Van Werveke bekannt gouf, ass am Alter vun 62 Joer gestuerwen.
Hien huet 1988 am “Troublemaker” vum Andy Bausch matgespillt a war och am “Back in Trouble” an an “Trouble no more” dobäi.

Am Pol Cruchten senger Hochzäitsnuecht war den Ender Frings den “Tony” an och do stoung e mam Thierry Van Werveke virun der Kamera.
Hien huet och Musek gemaach, 4 Joer laang war hie Sänger bei der Lëtzebuerger Grupp “Everyday Zulu”, der Grupp vum Nazz Nazz-Gittarist Aender Thilges.
Allebéid dierfte se méi wéi eemol zesumme Gebuertsdag gefeiert hunn. Den Ender Frings war genee een Dag méi al wéi den Thierry Van Werveke.
Hien ass den 22. Oktober 1958 zu Karlsruhe op d’Welt komm, säi Kolleeg Thierry, den 23. Oktober 1958 zu Genève.
Den Ender Frings huet laang Joren zu Swakopmund an Namibia gelieft, wou en eng Zäit laang e Bistro hat.