Happy BirthdayDe Pumuckl kritt 60 Joer

RTL Lëtzebuerg
Hie brauch ganz sécher kee Brëll, seng rout Hoer ginn och net gro a Fale kritt en och net. De Pumuckl feiert den 21. Februar e ronne Gebuertsdag, seng 60.
© Ellis Kaut, Barbara von Johnson, Infafilm GmbH, Pumuckl Media GmbH & BR

U sech gi Kobolde jo net wierklech al, Gebuertsdag feiere se och net an d’Fro ëm dem Pumuckl säi Gebuertsdag ass och net sou ganz liicht ze beäntweren. Mol net d’Erfinderin, respektiv dem Pumuckl seng “Mamm” d’Ellis Kaut, déi am September 2015 am Alter vu 94 Joer gestuerwen ass, wousst eng eendeiteg Äntwert. Seng bildneresch Creatrice Barbara von Johnson huet et sou gesinn: “Geeschter ginn net al, si sinn zäitlos.”

Am Joer 1970 housch et “Pumuckl will Geburtstag haben”, hie wär genee viru “siebzigdreizehn Jahren” op d’Welt komm. Eng aner Kéier sot de Klabautermann “Geburtstag ist ein schöner Tag, ich jeden Tag Geburtstag mag.”

Fest steet, datt den 21. Februar 1962 déi éischt Pumuckl-Sendung um Bayerische Rundfunk ausgestraalt ginn ass. Mam “Spuk aus der Werkstatt” hunn dem klenge Kobold seng Aventuren um Radio ugefaangen. E puer Joer méi spéit, 1965, koumen déi éischt Bicher an 1982 de Film “Meister Eder und sein Pumuckl” an d’Tëleesserie mam selwechten Numm. An 28 Länner gouf de Kult-Kobold gewisen, souguer a Brasilien an a China. Am Joer 2000 krut de Pumuckl esouguer e Musical.

An et ass nach laang net eriwwer mam klenge geckege Pumuckl. Am Summer 2020 koum d’Annoncement, dass de “Meister Ede und sein Pumuckl” nei Geschichte kréien. Regie féiert dobäi de Realisateur Marcus H. Rosenmüller. D’Dréiaarbechte sollen dëst Joer am Fréijoer lassgoen.

Mat 60 Joer nach ëmmer keng Grëtz méi al ausgesinn, genee sou frech sinn an och nach e Comeback ze feieren, do kann ee jo just felicitéieren.

Back to Top
CIM LOGO