"Gretchen 89 ff"De Luc Feit an de Steve Karier an enger Reprise vun 2007 am Escher Theater

RTL Lëtzebuerg
Den Escher Theater feiert de Weekend d'Reprise vun engem Theaterstéck, dat 2007 am Kasemattentheater beim Public fir vill Laachen an Applaus gesuergt hat.
"Gretchen 89 ff"
Den Escher Theater feiert de Weekend d’Reprise vun engem Theaterstéck, dat 2007 am Kasemattentheater beim Public fir vill Laachen an Applaus gesuergt hat.

Am Lutz Hübner sengem Stéck „Gretchen 89 ff“ geet et ëm déi sougenannte „Kästchenszene“ aus dem Goethe sengem Faust an ëm de lamentabele Versuch vu Regisseuren a Schauspillerinne fir dës Zeen anstänneg opzeféieren.

Fir déi grouss Reprise klammen de Luc Feit an de Steve Karier nach eemol an déi verschiddenste Rollen an huelen dobäi hiren eegene Beruff op d’ Schëpp.

Fir dës Reprise huet sech d’Ekipp enger neier, méi grousser Bün missen upassen an et huet een och Klengegkeete missen un der Inzenéierung änneren. Ma fir de Regisseur Daniel Texter läit déi grouss Erausfuerderung doranner, genau sou eng staark Energie wéi deemools ze kreéieren.

Gespillt gëtt den 2. an 3. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO