KUKDe Kulturkanal zitt Bilan

Philippe Dondelinger
Quasi op den Dag genee virun engem Joer goung den nei gegrënnte Kulturkanal eng éischte Kéier op Sendung.
KUK: De Kulturkanal zitt Bilan
Quasi op den Dag genee virun engem Joer goung den nei gegrënnte Kulturkanal eng éischte Kéier op Sendung.

E Projet, dee wéinst der, a matten an der Pandemie entstanen ass, fir de Kënschtler eng Plattform ze bidden. Wärend engem Joer sinn hei ganz ënnerschiddlech Artiste virun der Kamera opgetrueden an hu sou jidderengem, dee wollt, e Stéck Kultur an d’Stuff geliwwert.

Matt iwwerraschenden an innovative Performancë wollt d’Kultur sou trotz Pandemie weiderliewen. An dat war natierlech fir vill Kënschtler och eng grouss Ëmstellung, fir net méi viru live Public opzetrieden. Lo ee Joer dono sinn d’Theateren, d’Muséeën an d’Concerts-Säll rëm op an dofir iwwerleet ee sech och elo, wéi een den KUK ka weiderentwéckelen.

Am Kader vun engem Joer KUK diffuséiert RTL Télé Lëtzebuerg um 13 Auer op Nationalfeierdag och nach emol eng Selektioun vu ganz ënnerschiddlechen Optrëtter aus engem Joer Kulturkanal. Dorënner och dee vun der Groussherzogin Maria Teresa, déi aus dem Klassiker Maus Ketti virliest.

Am RTL-Kultur Podcast gëtt an dëser Episod mam Milla Trausch, Damiano Picci a Serge Tonnar och op 1 Joer KUK zeréckgekuckt.

Klickt hei, fir op d’Internetsäit vum Kulturkanal ze kommen.

PDF: Schreiwes 1 Joer KUK

Back to Top
CIM LOGO