FOTOENDe Grand-Duc an d'Regierung beim Gala-Concert am Cercle Cité

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Centenaire vum duebele Referendum 1919 huet d'Militärmusek e Concert am Cercle op der Plëss ginn.

Mat dobäi waren ënnert anerem de Grand-Duc Henri, eng Rei Deputéierter, wéi och Membere vum Regierungsrot an der Regierung.

© Cercle Cité

Programm

No de Riede vum Fernand Etgen, President vun der Chambre des députés, a vum Premier Minister Xavier Bettel huet d'Militärmusek ënnert der Leedung vum LtCol Jean-Claude Braun de Spectateuren e musikalescht Erliefnes ugebueden.

Um musikalesche Programm vum Gala Concert

  • D'Kompositioun Regiis Ostium vum Ernie Hammes;
  • Adaptéiert Musek vum LtCol e.r. André Reichling an dem LtCol Jean-Claude Braun vun der Militärmusek;
  • Keen on Queen, eng Medley vun de beschter Lidder vu Queen, arrangéiert vum Jörg Murschinski;
  • Paconchita vum Oscar Navarro.
Back to Top
CIM LOGO