Brand vun Notre-Dame gëtt verfilmtDe franséische Regisseur Jean-Jacques Annaud sicht no Amateurvideoen

RTL Lëtzebuerg
Et war e schwaarzen Dag fir Frankräich: 2019 hat d'Kathedral an der Stad vun der Léift gebrannt.
© AFP/Archiv/Fouad Maghrane

De ronn 850 Joer alen Daachstull ass deemools agestierzt an och de spatzen Tuerm aus dem 19. Joerhonnert ass de Flamen zum Affer gefall.

Fir dass dësen Dag net a Vergiessenheet geréit, soll elo e Film iwwert d’Feier an der weltbekannter Kierch gedréit ginn. Eng Häerzensugeleeënheet fir de 77 Joer ale Fransous an Oscar-Gewënner Jean-Jacques Annaud. Hien huet ënnert anerem och bei Produktioune wéi “L’Ours”, “The Name of the Rose” oder “Sieben Jahre in Tibet” matgewierkt.

Jiddereen, deen e Video vum Ongléck gemaach hat, kann dësen op der Websäit notredamebrule.com eroplueden. Sollt et eng Sequenz an de Film packen, kritt deejéinegen eng finanziell Belounung dofir.

98% vun der ganzer Verfilmung sollen der Realitéit entspriechen, huet de Regisseur verroden. D’Wouerecht wier an dësem Fall nämlech “vill méi opulent a burlesque” wéi d’Fiktioun.

Back to Top
CIM LOGO