
Nieft dem Jury-President Spike Lee waren de spuenesche Starregisseur Pedro Almodóvar, d’Schauspillerin Jodie Foster an de Regisseur Bong Joon, deen 2019 d’Gëlle Palm fir säi Film “Parasite” krut, do.
D’Jodie Foster huet dann och d’Éierepalm iwwerreecht kritt. An hirer Ried huet si un “d’Suergen an Douedesängscht”, mat deenen der vill wärend der Coronapandemie konfrontéiert waren, erënnert. “An hei si mir erëm, no engem Joer, dat wéi keen anert war, nees an eise wonnerschéine Kleeder”, sot d’Schauspillerin. “Hutt dir de Glamour vermësst? Ech hunn e vermësst”.
24 Filmer konkurréieren dëst Joer an der Course ëm déi Gëlle Palm. Do steet jo och Lëtzebuerg op der Affiche.
Den Joy Hoffmann geet a sengem Blog méi genee op de Filmfestival vu Cannes an.
Blog 1 vum Joy Hoffmann
Blog 2 vum Joy Hoffmann
RTL-Artikel: Samsa-Koproduktioun a Vicky Krieps an der Competitioun fir d’Palme d’Or