22.02.2022 op RTL LëtzebuergDe Countdown leeft fir déi 2. Staffel "Capitani"

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg, den 22.2.2022 um 20 Auer diffuséiere mer hei op RTL den éischten Episod vun der neier Staffel "Capitani".
© RTL

An dass et net méi laang ass, bis et lass geet, kritt een och dobausse mat. Zum Beispill am Kinepolis, wou zanter en Dënschdeg eng grouss Affiche op de Start vun der zweeter Staffel hiweist.

© RTL

An och fir déi Leit, déi mam Tram ënnerwee sinn, gëtt et zanter en Dënschdeg op den Arrête schonns e klengen Avant-goût. Och hei goufen nämlech Capitani-Affichen installéiert, fir d’Fans schonn emol lues awer sécher a Stëmmung ze bréngen.

Hannert de Kulisse vun “No Art on Air": Capitani-Akteuren Thierry Faber a Sophie Mousel am Interview

Exklusiven Abléck an déi zweet Staffel "Capitani"
Den 22. Februar leeft déi 2. Staffel op RTL Lëtzebuerg un. Wien net sou laang waarde wëll, kritt hei schonn e klenge Virgeschmaach.

Back to Top
CIM LOGO