De Film ass nach net fir déi breet Ëffentlechkeet ze gesinn, a sou konnte sech nach net vill Leit e Bild dovu maachen. D’Poleemik ass awer elo scho grouss. D’Realisatrice mécht der Koproduktiounsfima NDR-Arte nämlech Reprochen. Hiren Deel vum Film wier esou zesummegeschnidde ginn, dass Lëtzebuerg an engem schlechte Liicht géing do stoen, beschwéiert sech d’Myriam Tonelotto. All Pub ass eng gutt Pub, heescht et dacks. Dat gesäit de Julien Becker awer net esou. Hien hätt léiwer op d’Poleemik verzicht. Ma fir déi ganz Diskussioun ze verstoen, muss een emol wëssen, ëm wat et an der fiktiver Doku geet. De Julien Becker:
“An Zéro ass e Film, dee weist, wat géing geschéien, wa géing e schlëmmt Accident an der Atomzentral zu Cattenom passéieren. Dat hu mer probéiert, an enger Doku-Fiktioun, dat heescht an enger Fiktioun mat Protagonisten duerzestellen. Deen aneren Deel ass Doku, wou verschidden Experten oder Politiker dann hir Meenung zu ënnerschiddleche Sujeten soen. A wéi eng Konsequenzen esou een Accident hätt.”
Am Joer 2016 krut déi Lëtzebuerger Produktiounsgesellschaft SkillLab d’Konzept fir „An Zéro” proposéiert. De Projet gouf beim Filmfong eragereecht, e Finanzement an Héicht vu ronn 1,15 Millioune gouf accordéiert. De But war et, fir en Tëleesfilm ze maachen, woufir een dann ëmmer nach e Partner bräicht, sou de Julien Becker. An dësem Fall ass dat NDR-Arte.
Datt dee Partner e Wuert matzeschwätzen hätt, wier net anormal, sou de Produzent:
“Do ass dann eng Redaktioun, also eng Persoun, déi zoustänneg ass, fir iwwert de Contenu och matzeschwätzen an ze decidéieren. Dat ass, wat bei An Zéro geschitt ass.”
Net aussergewéinlech
Dass et bei deem Prozess zu Diskrepanze kéim, wier och net aussergewéinlech. Eng éischt Versioun gouf dohier vun der Produktiounsgesellschaft realiséiert an dem Sender presentéiert. Dëse gëtt dann e Feedback, an Upassunge gi virgeholl. Hai ass et dunn awer zu gréisseren Differenzen tëscht der Realisatrice vum Dokumentardeel, der Myriam Tonelotto, an dem Sender komm. D’Realisatrice huet sech doropshi vum Projet zréckgezunn.
D’Myriam Tonelotto ass der Meenung, datt all déi positiv Elementer iwwer Lëtzebuerg erausgeschnidde goufen, an datt d’Land lo an engem negative Liicht géing do stoen.
Dozou de Julien Becker:
“Ech perséinlech war mat de Kriticke vum Sender averstanen. Dat heescht, mir hunn och an déi Richtung geschafft. Ech denken, datt de Film komplett deem entsprécht, wat de Projet war. Dat heescht, de Projet, deen de Film Fund ënnerstëtzt huet an och NDR-Arte.”
SkillLab hätt e Kontrakt mat dem Sender a misst e Film liwweren. Um Prozess, wéi et zum fäerdege Produit komm ass, huet de Julien Becker näischt auszesetzen. An och d’Kritik vun der Myriam Tonelotto kann hien net novollzéien:
“De But vum Film ass, eng Problematik an d’Debatt ze setzen, wou eisem Land kéint wierklech schlëmm geschiedegt ginn. Ech gesinn do net, wou an deem Konzept kéint e Film erauskommen, an deem Lëtzebuerg dono géing méi schlecht do stoen.”
Am beschte soll sech wuel jidderee selwer eng Meenung iwwert de Film maachen. Dofir brauch et awer nach e bëssi Gedold. Eréischt vum 21. Abrëll un ass en op Arte ze gesinn. D’Myriam Tonelotto huet iwwerdeems schonn ugekënnegt, och hir eege Versioun iwwer Youtube ze diffuséieren.