Hollywood-SchauspillerDe bekannten Acteur Robert Forster ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem ass de Forster wéinst Rollen an David Lynch oder Quentin Tarantino-Filmer bekannt ginn an huet och a Breaking Bad matgespillt.
© VALERIE MACON / AFP

Den US-amerikanesche Schauspiller Robert Forster ass dout. Wéi d'Medien an den USA mellen, ass hien e Freideg am Krees vu senger Famill zu Los Angeles un de Suitte vun engem Gehirtumor gestuerwen.

De Robert Forster ass trauregerweis un deem Dag gestuerwen, wou säi leschte Film "El Camino: A Breaking Bad-Movie" op Netflix Première gefeiert huet. Dësen ass jo 6 Joer nodeems de Forster e Gaaschtoptrëtt an der Serie "Breaking Bad" hat, erauskomm.

Berühmt gouf de Forster awer virun allem duerch seng Roll am Gangsterfilm "Jackie Brown" aus dem Joer 1997 bekannt.

Fir seng Roll an der Tarantino-Produktioun gouf et souguer eng Oscar-Nominéierung als beschten Niewenacteur.

Dobäi huet hien, niewend enger Rei anere gréissere Rollen, och am absolute Kultfilm a Meeschterwierk "Mulholland Drive" vum David Lynch matgespillt.

Back to Top
CIM LOGO