Bekannt aus dem "Tatort"Däitsch Schauspillerin Eva Mattes am Cube521

RTL Lëtzebuerg
D'Eva Mattes ass besonnesch bekannt duerch hir Roll an der Tatort-Krimi-Serie, wou si d'Kommissärin Klara Blum 14 Joer laang gespillt huet.
Däitsch Schauspillerin Eva Mattes am Cube521
D'Eva Mattes ass besonnesch bekannt duerch hir Roll an der Tatort-Krimi-Serie, wou si d'Kommissärin Klara Blum 14 Joer laang gespillt huet.

Zënter 2006 stellt se ëmmer erëm e Programm mat Chansons op d'Been. E Samschdeg war si am Cube521 zu Maarnech op Besuch mat hirem Lidder- a Gedicht-Owend: "Zur Heimat erkor ich mir die Liebe".

Fort vun doheem, Migratioun, Exil waren zu allen Zäiten en Thema an der Konscht, an der Literatur. D’Eva Mattes huet mat hire Partner Lidder a Gedichter aus ënnerschiddleche Kulturen erausgesicht. Et geet ëm Fortgoen, Heemkommen, ëm Verloscht, ëm Doheem an ëm Hoffnung. A wann s de keen doheem méi hues, dann hues de ëmmer nach d’Léift, dat ass de Message vum Eva Mattes.

Haut si 65 Millioune Mënschen op der Flucht. An enger Welt mat ondichte Grenzen. Eist Bewosstsinn muss sech änneren: mir däerfe net a Grenzen denken. Anescht Denken, duerzou soll d’Konscht eppes bäidroen. Dodra gesäit d’Eva Mattes de Sënn vun hirem Lidderowend.

Back to Top
CIM LOGO