Serie: Kultur-RentréeCube 521 zu Maarnech

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un d'Odile Simon, Direktesch vum Cube 521...

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?

D‘Spezialitéit vum Haus läit an der Offer vun enger grousser Varietéit vu Kultur an dat op engem héijen Niveau an an enger schéiner, ländlecher an touristescher Géigend. Aus dësem kulturelle Programm sinn iwwer Joren dräi Aboen opgebaut ginn déi sech entre-temps fest etabléiert hunn. Et ass e Kulturhaus fir d’Regioun an iwwer d’Grenzen eraus, bei deem awer och d’Leit aus der Regioun d’Méiglechkeet hunn, mat hire kënschtleresche Prestatiounen, d’Haus ze beliewen.

Musikalesch-literaresch Zäitrees mam Eva Mattes 26. Oktober 2019
Musikalesch-literaresch Zäitrees mam Eva Mattes 26. Oktober 2019
© Hanna Mattes

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

D’Eva Mattes, Palme d’Or vu Cannes 1979, invitéiert den 26. Oktober op e Chansonprogramm „Zur Heimat erkor ich mir die Liebe“, eng musikalesch-literaresch Zäitrees mat Lidder, Balladen a Lyrik vun Friedrich Holländer, Kurt Weill, Schubert, Brahms a vun de Comedian Harmonists. D’Eva Mattes séngt op hir ausdrocksstaark a virtuos Aart a Weis a gëtt um Piano vum Irmgard Schleier a vum Johanna Mohr op der Oboe begleet. E wonnerbare Lidderowend mat enger vun de renomméiertsten, däitsche Schauspillerinnen.
De Grammy-nominéierte Vokalensembel New York Polyphony presentéiert den 8. Dezember en Adventsprogramm mat beandrockende Kompositiounen aus de leschte siwe Joerhonnerten. Den Ensemble vu véier Sänger, ass international bekannt fir eenzegaarteg a faszinant Museks-Erliefnisser!

New York Polyphony den 8. Dezember 2019
New York Polyphony den 8. Dezember 2019
© Cube Maarnech

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?

Déi däitsch Autorin a Publizistin Carolin Emcke.

D'Kannerproduktioun "Due Abenteuer von Pettersson und Findus" ass den 1.12.2019 ze gesinn.

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Cube 521

Plaz: Maarnech (op 521 Meter Héicht) an der Gemeng Klierf

Alter: 2007 opgaangen

Gréisst: Grousse Sall mat 302 Plazen. An 3 kleng Raim, déi multifunktional kënne genotzt ginn.

www.cube521.lu

Theater "Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran" 2.4.2020

D'Saison 2019-2020 vum Cube 521 zu Maarnech

Back to Top
CIM LOGO