"Rubikubismus"Bild vum Dalai Lama aus Zauberwierfel fir iwwer 450.000 Euro versteet

RTL Lëtzebuerg
De franséische Kënschtler Franck Slama alias Invader huet op en Neits fir e Konschtwierk aus Rubik-Wierfelen en héijen Erléis kritt.
© AFP

Säi Wierk “Rubik Dalai Lama” gouf e Méindeg zu Paräis fir 468.000 Euro versteet, wéi d’Auktiounshaus Artcurial e Méindeg den Owend matgedeelt huet. D’Bild vum geeschtleche Chef vun den Tibeter besteet aus 225 Zauberwierfelen. Ma den eegene Rekord fir d’Wierk aus deene Wierfelen huet den Invader awer just knapp verfeelt.

Am Februar 2020 gouf e Mona Lisa aus Rubik-Wierfelen fir 480.000 Euro versteet, dat véierfacht vum geschate Präis. Am Dezember hat d’Wierk “Rubik Space” mat enger abstrakter Landschaft souguer 490.000 Euro erziilt. De Wäert vum Wierfel-Dalai-Lama war op 300.000 bis 400.000 Euro geschat ginn.

Den Invader nennt säi Konschtstil “Rubikubismus”. Den Numm spillt ass eng Uspillung op den Erfinder vum Rubik-Wierfel, den ungareschen Designer Ernö Rubik. D’Wierfelspill war an den 80er Jore besonnesch beléift, ma och haut nach.

Back to Top
CIM LOGO