
Ënnert anerem deene Froen gi mer dëse Summer an enger Serie no, an där sech alles ëm eng Partie vun de klenge Librairien hei zu Lëtzebuerg dréint. Mir huelen Iech mat a verschidde Bicherbutteker uechtert d'Land, weisen Iech, wat se ze bidden hunn a wat se vun aneren ënnerscheet.
Nodeems ee mam "LiteraTour" Lies-Festival zanter Joren de Leit d'Freed um Liese vermëttele wëllt, wollt d'Gemeng Beetebuerg e méi permanente Projet op d'Been stëllen: De "Bicherkueb" ass e klenge Bicherbuttek gekoppelt mat enger sozialer Iddi. Geréiert vun der Gemeng, zesumme mam CentButtek, ass et eng Zort Second-Hand-Buttek fir Bicher. Tëscht 1 a 15€ kaschten d'Bicher, déi een an de Regaler fënnt.
Den Erléis geet integral un de CentButtek. En neit Konzept, dat gutt ukënnt. Zanter Juni ass de "Bicherkueb" 2 Deeg d'Woch op a gouf ufanks esou vun Done vu Bicher iwwerrannt, datt se de Moment mol keng Plaz fir zousätzlecher hunn.
Déi Fro huet d'Claudia Kollwelter de Proprietäre vun de klenge Librairen uechtert d'Land gestallt. Nodeems mer Iech d'lescht Woch schonn 2 Coup-de-Coeuren presentéiert hunn, schléisse mer d'Serie iwwert d'Bicherbutteker haut mat 2 weideren of:
D'Anne Diderich vun der Librairie Diderich huet am Fréijoer dem Ulrich Woelk säi Roman "Der Sommer meiner Mutter" gelies, deen am Joer 1969 spillt an d'Geschicht vun engem klenge Jong zielt.

"Seng Eltere sinn éischter konservativ an hunn e bësse Problemer am Stot. Déi nei Noperen, déi erageplënnert sinn, waren déi lénk geriicht a ganz engagéiert. An do ass dann nach e klengt Meedchen dobäi, dat de Jong léiert, wat Popmusek a Léift ass a wat Gefiller sinn. Dat Ganzt ass absolut net kitscheg geschriwwen, mee et ass eng politesch Geschicht, déi dono awer tragesch endegt."
Vum Portrait vun enger Kandheet an de 60er Joren, da bei eppes ganz aneres. Der Christina Matthieu aus dem ChrisTina's Bicherbuttik vu Wolz hire Coup de Coeur ass nämlech en Thriller - "Totenlied" vum Tess Gerritsen:

D'Christina Matthieu liest immens gären Thrilleren a spillt och selwer Gei. Viru Joren huet si d'Buch eng éischte Kéier gelies, allerdéngs net fir d'lescht.
Serie Librairien (3): Librairie Diderich gëtt an der 3. Generatioun geféiert.
Serie Librairien (2): ChrisTina’s Bicherbuttik vun 2 Frae mam nämmlechte Virnumm.
Serie Librairien (1): Den Alinea an der Beaumontsgaass besteet zanter 1995.