
De Kanner a Jonken d’Welt vun der Pop & Rock Musek méi nobréngen, dat ass e Projet vum Rocklab zesumme mam SCRIPT. All Joer hunn esou Schoulkanner bei enger Serie vu Concerten an der Rockhal op spilleresch a pädagogesch Manéier déi verschidde Musekgenren, Beruffer a Facettë kennegeléiert.
Duerch d’Pandemie konnten d’Concerten dëst Joer net sinn. Dofir gouf elo eng Serie vu Videoen online gesat an deenen all dës Aspekter gewiese ginn. Si kënnen herno eng gutt Ergänzung sinn, wann d’Aktivitéiten an der Rockhal nees méiglech sinn.
Entdecke kann een déi 6 Videoen vum Wee tëscht Proufsall a Backstage um Youtube-Channel vun der Rockhal.
Am Kader vum “Mois européen de la photographie”, deen ënnert dem Motto “Rethinking Nature/Rethinking Landscape” steet, weist de Casino an der Ënneschtgaass Wierker vun der franséischer Fotografin Daphné Le Sergent.

Ënnert dem Titel “Silver Memories” entdeckt een hei eng Kombinatioun vu Fotoen, Videoen a Molereien an deenen d’Kënschlerin d’Geschicht vun der Fotografie retracéiert un Hand vun de Materialien, (wéi dat ëmmer méi seelent Sëlwererz), déi dofir gebraucht ginn. Si stellt domadder d’Fro no der Ausnotzung vun den natierleche Ressourcen, de finanzielle Spekulatiounen an dem Wonsch no Raritéiten. Eng ekologesch, ekonomesch a kënschtlerech Approche.
D’Wierker goufe speziell fir de Casino konzipéiert.
Wéi geet et weider? Wou geet et hin? Froe stellen an Äntwerte sichen ass den Hannergrond vun der Expo “Ruhe! Von hier aus weiter” mat Wierker vum Jean-Pierre Ries, Johny Schortgen a Fernand Stumpf, dräi Kënschtler, déi op hir ënnerschiddlech Manéier bei cooperationsART zesummegeschafft hunn.
De Kënschtlerkollektiv cooperationsART ass en interdisziplinäert an inklusiivt Netzwierk, dat probéiert iwwer verschidde Plattformen Konschtschaffenden ze hëllefen Konscht a Konschtwierker ze léieren, ze realiséieren an ze presentéieren.
EXpo “Ruhe! Von hier aus weiter”

De franséischen Auteur Laurent Petitmangin gouf fir säin éischte Roman mat enger Rei Präisser ausgezeechent.
“Ce qu’il faut de nuit” erzielt vun engem Papp, dee mat sengen zwee Bouwen eleng lieft. D’Geschicht begleet déi dräi iwwer e puer Joer a beschreift eng Familljegeschicht, déi Gefiller, Convictiounen a déi verschidde Choixen am Liewen thematiséiert.
Den Auteur ass op Besuch vum Institut Pierre Werner an der Abtei Neimënster, wou en aus dem Buch liest a sech mat der Marie-Madeleine Rigopoulos ënnerhält.
De RV ass um 19 Auer, et muss ee sech umellen.
