Et si Géigestänn aus der Virgeschicht bis zum aktuelle Joerhonnert. Dës wäertvoll Objete musse fir d'éischt sécher agepaakt ginn. Et gëtt en Inventaire vun all eenzele Géigestand gemaach, ier e verpaakt gëtt.
E Freideg fléie fënnef Leit aus dem Lëtzebuerger Musée an déi chineesesch Provënz Henan, fir sech em d'Opriichte vun der Ausstellung ze këmmeren. Zwou Woche bléiwen si dofir op der Plaz. D'Expositioun vun dëse Geschichts- a Konschtgéigestänn ass vum 27. Mäerz bis den 3. August 2024 am Musée zu Henan.