
Den 23. Abrëll 2019 ass de Grand-Duc Jean gestuerwen. Relativ séier dono ass d'Iddi opkomm, eng Skulptur vum fréiere Staatschef opzeriichten. Siwen an een halleft Joer drop steet déi zwar nach net, mee dat heescht net, datt nach näischt geschitt ass.
De 5. Januar 2021, deen Dag, op deem de Grand-Duc Jean 100 Joer kritt hätt, hat den deemolege Premier Xavier Bettel annoncéiert, datt ee Monument opgeriicht sollt ginn. Et sollt awer bis Mëtt 2025 daueren, bis ee Concours ausgeschriwwe gouf. 27 Virschléi goufen agereecht, vun deenen der awer 10 als irrecevabel deklaréiert goufen. Eng Jury, déi ënnert anerem aus Vertrieder vum Haff, vum Staatsministère, vun der Stad Lëtzebuerg an vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte bestanen huet, huet aus deenen anere 17 Proposen an zwou Etappen der dräi erausgesicht, déi dunn dem Premier Luc Frieden virgeluecht goufen. D'Presidentin vun der Jury, d'Danièle Wagener, erkläert, wat um Enn den Ausschlag ginn huet:
"Deen heite Projet huet eis geschéngt, deen ze sinn, wou de Grand-Duc am mënschlechsten eriwwerkomm ass. A wat mir och ganz gutt gefall huet an dat war och den Avis vum Jury, dat ass, datt ee gewëssenen Dynamismus, eng gewëssen Tensioun an deem Personnage war. Dat heescht, et huet ee gespuert, en ass present, en ass dynamesch, dat war och ganz flott un deem Projet hei."
Realiséiert gëtt d'Skulptur, déi de Grand-Duc Jean am Alter tëscht 60 a 65 Joer an engem Costume mat den Hänn hannert dem Réck weist, vum däitsche Kënschtler Jonas Ademes. Hie gouf 1991 zu Bitburg, also net wäit vu Lëtzebuerg ewech, gebuer an iwwert eng vu senge Bomen huet hien esouguer een direkte Lien an de Grand-Duché, méi genee op Miedernach. Bis elo huet d'Jury just eng Maquette gesinn, d'Danièle Wagner beschreift, wéi et elo virugoe wäert:
"Et gëtt elo op déi Maquette hin ee Modell aus Toun gemaach an da gëtt doropshin no der Technik vun der Cire perdu dann d'Bronzeskulptur gegoss. Ech gi lo net an d'Detailer vun där Technik, mee wat wichteg ass, dat ass, datt de Kënschtler lo nach eng ganz Rei Interventioune selwer mécht un der Skulptur."

Dat geschitt iwwregens an Italien, wou de Jonas Ademes fréier eng Zäit laang gewunnt huet. Hir final Plaz wäert d'Skulptur am Parc Pescatore fannen. Dës Plaz gouf ënnert anerem erausgesicht, well hei och ee Bam steet, dee fir dem Grand-Duc Jean seng Gebuert geplanzt gouf a well ee vun do aus och eng Vue op de Mudam, deen dem fréiere Staatschef säin Numm dréit, an déi europäesch Institutiounen um Kierchbierg huet. Wéini d'Skulptur genee opgeriicht wäert ginn, ass zwar nach net kloer, mee et geet riets vu Mëtt d'nächst Joer. De maximale Budget vum Projet war am Virfeld op 350.000 Euro festgeluecht ginn.