
3 Froen un de Serge Blasen, Repsonsabel fir den Artikuss an der Gemeng Suessem ...

An der Programmgestaltung vum Artikuss fënnt ee regelméisseg musikalesch Produktiounen, déi mat Blechblosmusek an all hire Formen ze dinn huet, dat vu Klassik bis Jazz, vum eenzelne Solist bis bei de groussen Ensembel. Do dernieft huet d’Stëmm, de Gesank en héiche Stellewäert an deem, wat mer ubidden. Ganz oft hu mer A-Cappella Ensembelen zu Gaascht, mä och international bekannte Solisten.
Desweidere kommen eis Entertainment- an Tribute-Showen ganz gutt beim Publikum un, wéi z.Bsp. Sinatra & Friends, Piaf Le Spectacle, Musical Magics, … oder elo Enn 2019 Danceperados ‘Irish Christmas Show’ mat Steppdanz, Gesank an irescher Musek.
Dëst sinn déi dräi Akzenter vun eiser Programmgestaltung, Brass (Blechblosmusik), A-Cappella Gesang an Entertainment Showen. Dernieft gehéiere regelméisseg Lëtzebuerger Produktioune am Genre Musek, Theater a Cabaret an eisen Agenda.
2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?
An der neier Saison soll een op kee Fall de Concert vum bekannten däitsche Liedermacher Konstantin Wecker (19.9.2019) verpassen, dee mat sengem neie Programm géint Faschismus a Rassismus méi wéi aktuell ass.
Dann ass et eis natierlech eng grouss Éier e weltbekannte Musicalstar wéi d’Ute Lemper (9.11.2019) bei eis z’empfänken! Dat ass Gesankskonscht op allerhéchstem Niveau.

3. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Dir onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?
Am Beräich Brass (Blosmusek) hate mer scho ganz vill grouss Artisten am Artikuss. E perséinleche Wonsch ass et awer nach fir déi renomméiert Trompettisten Wynton Marsalis an James Morrison eng Kéier bei eis op der Bühn ze gesinn.

D'Visittekaart vum Haus:
Numm: Artikuss
Plaz: 3, rue Jean Anen L-4413 Soleuvre
Alter: 2014 opgaangen
Gréisst: 650 Plazen