
Hie war ee vun de wichtegsten Architekte aus eiser Zäit. Seng Handschrëft huet en op ville Gebaier uechtert d'Welt hannerlooss: Zu Tokio, zu Hongkong, New York, Washington, Paräis, Berlin an och zu Lëtzebuerg.
An der Nuecht op en Donneschdeg ass den US-Architekt mat chinesesche Wuerzelen am Alter vun 102 Joer gestuerwen. Dat hu seng Bouwen zu New York matgedeelt.
De 26. Abrëll 1917 ass den Ieoh Ming Pei zu Guangzhou a China op d'Welt komm, huet zu Shanghai studéiert an 1939 an d'USA weider léiere gaangen. Nodeems fir d'éischt de Krich tëscht China a Japan an dono den 2. Weltkrich ausgebrach sinn, huet säi Papp him geroden, an den USA ze bleiwen. Säi Studium beim Walter Gropius, ee vun den Haaptleit vum Bauhaus, huet hien a Richtung Architektur gefouert. Seng éischt Aarbecht hat en zu New York bei engem bekannten Immobilien-Entrepreneur. Am Joer 1955 huet hie säin eegenen Architektebüro opgemaach. Den Duerchbroch als Architekt hat hien 1964, wéi d'Jackie Kennedy-Onassis hie gefrot huet d'John.F.Kennedy-Bibliotéik z'entwerfen. Bekannt war hien awer och duerch de Bau vun der Annexe vun der Nationalgalerie zu Washington an den 72 Stäck héije Wollekekrazert vun der Bank of China zu Hongkong, souwéi d'Rock and Roll Hall of Fame zu Cleveland.
Hei zu Lëtzebuerg ass de Star-Architekt virun allem bekannt ginn duerch de Mudam, de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, deen am Joer 2006 seng Dieren opgemaach huet. 18 Joer huet de Bau vum Musée um Kierchbierg gedauert an déi faméis "Steng aus der Bourgogne" hunn deemools och fir vill Diskussioune gesuergt.
Seng Konscht a säi Schaffe kann ee mat zwee wichtege Wierder beschreiwen: Transparenz a Beweeglechkeet. D'Luucht spillt an all senge Gebaier eng wichteg Roll an hie gouf dowéinst och gär de Meeschter vum Liicht genannt.
1983 krut hien de Pritzker-Präis, deen och als Nobelpräis fir Architektur bezeechent gëtt. 2009 hat de Pei och nach eng vun de bedeitendsten internationalen Auszeechnungen an der Architektur, d'Royal Gold Medal a Groussbritannien iwwerreecht kritt.
D’Erna Hennicot-Schoepges, Kulturministesch vun 1995 bis 2004 a Bauteministesch vun 1999 bis 2004, erënnert sech un e formidabele Mann, dee ganz verständnisvoll an enger schwiereger Situatioun war.
Déi fréier Kulturministesch hält de Ieoh Ming Pei als léiwen a gebilte Mann an Erënnerung, dee sech fir vill ënnerschiddlech Kulturen interesséiert huet.
"Säi lescht grousst Wierk, dat ass jo e Musée fir islamesch Konscht, also en huet e kulturelle groussen Horizont gehat an dat huet en och charakteriséiert."
Wärend hirer Zäit als Kulturministesch an och als Bauteministesch hat d’Erna Hennicot-Schoepges reegelméisseg mam Star-Architekt ze dinn, an net ëmmer ënner agreabelen Ëmstänn. Den éischte Projet, deen de Ieoh Ming Pei 1992 presentéiert huet, huet 6‘000 m2 Ausstellungsfläch virgesinn an d’dräi Eechele mat ëmfaasst.
"An du goung et lass, du koum eng risen Oppositioun mat Ënnerschrëftesammlungen an de Bauteminister krut de gëllene Bagger deemools."
D’Kulturministesch huet den Architekt gefrot, ob et och méiglech wier e méi klenge Projet ze proposéieren. Den neie Projet huet awer och eng Kontroversen ausgeléist – den Architekt huet insistéiert, datt wéi bei all senge Gebaier Steng aus der Bourgogne géife benotzt ginn. Dat war och an der ëffentlecher Ausschreiwung fir de Bau vum Musée virgesinn, gouf awer vun enger Baufirma kontestéiert. De Bauteministère huet de Prozess gewonnen, ma doduerch krut de Projet 3 Joer Verspéidung.
D’Konscht, déi ausgestallt gëtt, huet et net onbedéngt einfach am Ieoh Ming Pei sengem Mudam, duerch déi impressionnant Architektur, déi héich Maueren a vill Luucht, déi duerch déi gliese Maueren erafält. Der Erna-Hennicot Schoepges no hätt zu Lëtzebuerg am Fong eng Kunsthalle gefeelt, an där zäitgenëssesch Konscht sech méi eklatéiere kéint, ouni sech un d’Architektur unzepassen.
Déi Wierker, déi an de leschten 13 Joer am Mudam ausgestallt goufen, konnten an hiren Aen awer mat der Architektur mathalen.
"Ech mengen déi Ausstellungen, déi do waren, an och déi Besicherzuelen, déi jo och ënnert dem Enrico Lunghi senger Period am Musée waren, déi si jo awer net näischt."
RTL NEWS: Feier fir 100 Joer Pei zu New York ... an zu Lëtzebuerg