De leschte Samschdeg war dat de Fall fir de Serge Tonnar, deen d'Geleeënheet genotzt huet, sengem Publikum "Aner Lidder" ze presentéieren.
Aner Lidder heescht: keng Eegekreatiounen, mä bekannte Stécker, souzesoe Klassiker aus der internationaler Liddermaacher-Traditioun z'adaptéieren an z'iwwersetzen. Ëmmer erëm huet de Serge Tonnar dat scho probéiert, konkret fir Bühn an Album gouf et eréischt elo.
Eng Basis hunn an iwwersetzen, kléngt wuel einfach, mä ass um Enn awer e gudde Pak méi Aarbecht.
D'Auswiel vun de Lidder war einfach, de Serge Tonnar huet sech mat ville Stécker befaasst, déi hie selwer gär gelauschtert huet: Dylan, Lennon, Cave, Cabrel oder Jacques Brel. Eng Erausfuerderung an d'Gefill, u Monumenter ze réckelen, bleift do net aus.
De Courage, d'Lëtzebuerger Sprooch anzesetzen, fir Messagen an Texter vu grousse Museker ze vermëttelen, huet geklappt. Wien den Optrëtt verpasst huet, kann "Aner Lidder" um Album lauschteren, deen elo ze kréien ass.