MusekAnastasia Kovbyk gewënnt 7. internationalen Uergelconcours vun Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Déi renomméiert Organistin krut déi éischt Plaz beim musikaleschen Evenement, dat vum 8. bis de 14. September an der Diddelenger Parkierch St. Martin war.
© RTL Archiv

Den zweete Präis goung un d'Tomoe Inomata aus Japan, déi mam Publikumspräis ausgezeechent gouf, an déi drëtt Plaz un den Ae Shell Nam aus Südkorea. Eng Prime de participation kruten d'Anna Ivanova an de Marcin Kucharczyk.

Am Kader vum reguläre Programm vum Diddelenger Uergelfestival spillt d'Gewënnerin Anastasia Kovbyk 2020 e Concert.

Nieft dem Bernard Foccroulle (Belsch), soutzen och d'Monica Melcova (Spuenien), de Kay Johannsen (Däitschland) an de Paul Breisch (Lëtzebuerg) an der Jury.

PDF: Communiqué vun der 7. Editioun vum internationalen Uergelconcours (16.9.19)

Back to Top
CIM LOGO