
Dat huet d’Netzwierk “Eventim Live” e Mëttwoch matgedeelt. Ofgesot sinn ënner anerem de “Rock am Ring” um Nürburgring, “Rock im Park” zu Nürnberg, den “Hurricane Festival” zu Niedersachsen an de “Southside” zu Neuhausen op Eck. An och den “Deichbrand” bei Cuxhaven, “SonneMondSterne” zu Thüringen bei Saalburg-Ebersdorf an de Schwäizer “Greenfield Festival” si betraff.
Déi Leit, déi schonn Ticketen hunn, kënne se op 2022 ëmbuchen.
Fir Honnertdausende Fans falen dëst Eventer also elo scho fir d’zweete Kéier aus. Am Summer 2020 ware sämtlech Festivallen an Open-Air-Concerte gestrach ginn. Virologen an Experte sinn och dës Kéier zur Aschätzung komm, dass sech d’Situatioun bis an de Summer eran wuel net däitlech verbessere wäert. Datt deen Ament Dausende Mënschen openeentreffe sollen, ass deemno onrealistesch.
Ob elo nach weider Festivallen annuléiert ginn, ass net gewosst. D’Warscheinlechkeet ass awer grouss.

Festivallen a Concerten dëse Summer: Grouss Ongewëssheet zu Lëtzebuerg