
Christie’s no ass dëst den héchste Präis, dee jeemools an Asien fir e Konschtwierk aus dem Weste bezuelt gouf.
D’Bild aus dem Joer 1982 war virdrun op e Wäert tëscht 31 an 41 Milliounen Dollar geschat ginn. “Warrior” soll sech mat der Ongläichheet an der Gesellschaft an der Ënnerrepresentatioun vu Schwaarzen an der Konschtwelt auserneesetzen.
Dem Basquiat (1960-1988) säi Bekanntheetsgrad ass an de leschte Joren immens geklommen, dowéinst goufen och ëmmer méi héich Präisser fir seng Wierker bezuelt. Eng vu sengen Zeechnunge mam Titel “Untitled (Head)” war d’lescht Joer zu New York bei Sotheby’s fir 15,2 Milliounen Dollar verkaaft ginn.