Negativpräis Gëllen Hammbier "365 Tage" ass sechs Mol nominéiert

RTL Lëtzebuerg
De polneschen Netflix-Film "365 Tage" steet staark an der Kritik, well e Vergewaltegunge verherrleche soll. Dofir krut en elo d'Rechnung.
© Netflix

Den Erotikdrama ass direkt a 6 Kategorie fir den Negativpräis Gëllen Hammbier nominéiert. De Film géif Sex, Drogenhandel, Kidnapping a Vergewaltegung vu Frae verherrlechen. Dës Sujete sollten net zum Ënnerhalungsprogramm gehéieren, hat déi brittesch Sängerin Duffy am Summer an engem oppene Bréif un de Chef vum Streamingdéngscht geschriwwen. Vill weider Leit hate sech schockéiert a rose gewisen.

Elo huet d’Jury vun de Razzie Awards - am Däitsche bekannt als “Goldene Himbeeren” - mam Film ofgerechent. Hie steet ganz uewen op der Lëscht vun den Nominéierungen. A sechs Kategorie kéint “365 Tage” deemno en Negativpräis gewannen, dorënner och an der Haaptspart fir de schlechtste Film.

6 Nominéierungen och fir “Dr. Dolittle”

De gréisste Konkurrent dierft “Die fantastische Reise des Dr. Dolittle” sinn. D’Neiverfilmung vum Kannerbuch ëm en Déierendokter geet och mat 6 Nominéierungen an d’Course. De Robert Downey Jr. kéint de Präis fir de schlechtsten Acteur kréien. Dorop huet awer och de Razzie-Dauerkandidat Adam Sandler fir “Hubie Halloween” gutt Chancen, genau wéi de Mike Lindell fir “Absolute Proof”.

Nach ganz nei an der Filmbranche ass d’Musikerin Sia. Hiren Drama “Music” muss awer och a 4 Kategorie fäerten. Si selwer kéint den Negativpräis an der Regiespart gewannen, d’Maddie Ziegler d’Gëllen Hammbier als schlechtst Niewenduerstellerin, an d’Kate Hudson konkurréiert mam Anne Hathaway (“Das Letzte, was er wollte”) an der Kategorie “Schlechtst Haaptduerstellerin”.

Weider bekannte Leit wéi de Rudy Giuliani, den Arnold Schwarzenegger oder de Bruce Willis, deen direkt fir 3 Rollen nominéiert ass, kéinten deen net wierklech beléiften Award gewannen.

Back to Top
CIM LOGO