
2016 gouf de LEAP lancéiert, nächst Joer gëtt e fir d'drëtte Kéier an dës Kéier a Collaboratioun mat RTL verdeelt.
Den Appell riicht sech un Artisten, déi an den dräi leschte Joer am kënschtleresche Beräich, ob national oder international, Projete realiséiert hunn, déi an iergendengem Lien zu Lëtzebuerg stinn. D'Artiste mussen net onbedéngt déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, mä kënnen och Residenten am Grand-Duché sinn oder hei oder an der Grenzregioun schaffen. Eng international Jury priméiert de Gewënner mat 12.500 €.
Mat am Jury dobäi sinn d'Hélène Guénin (Direktrice vum MUMAC zu Nice), d'Gertrud Peters (Kënschtleresch Leedung bei KIT zu Düsseldorf), den Alexandre Bohn (Direkter vum FRAC zu Poitou-Charentes), de Patrick Majerus (Lëtzebuerger Konschtsammler) an de Frank-Thorsten Moll (Direkter vum IKOB zu Eupen).
De LEAP erméiglecht den Artisten eng international Renommee an ënnerstëtzt si an der Entwécklung vun hirer professioneller Karriär.
D'Sophie Jung ass 2016 priméiert ginn, 2018 war et d'Laurianne Bixhain.
No engem Preselektiounsprozess, ginn d'Konschtwierker vun de 4 Finalisten an de Rotonden ausgestallt. D'Editioun vun 2020 ass vum 27. Mäerz bis den 19. Abrëll 2020, de Vernissage ass donneschdes, de 26. Mäerz 2020 um 18 Auer. Den Dag vum Vernissage gëtt de Gewënner bekannt ginn.
Vun 27. September bis den 22. November 2019 lafen d'Umeldungen. Méindes, den 2. Dezember gëtt d'Selektioun vun de Finaliste publizéiert.
Méi Informatiounen zum LEAP an zur Umeldung am offizielle Communiqué an op rotondes.lu.