Bis 2006 huet den RTL-Orchester, respektiv den OPL den Auditoire nach benotzt.
De Kulturministère an Zesummenaarbecht mam "Atelier" haten um Sonndeg am Kader vun de "Journées européennes du patrimoine" Concerten am Auditoire organiséiert.
3 verschidde Concerte goufe proposéiert.
Virun engem Joer ass d'Villa Louvigny och als nationaalt Monument klasséiert ginn. 1871 gouf si vum Ingenieur Jean Charles Christophe Louvigny gebaut.