
E Bild vum hollännesche Kënschtler Vincent van Gogh ass en Donneschdeg zu Paräis fir de Rekordpräis vun 13 Milliounen Euro versteet ginn. Nach ni wier e Wierk vum Van Gogh a Frankräich fir esou eng héich Zomm verkaaft ginn, huet d’Aktiounshaus Sotheby’s matgedeelt.
“Dëst ass eng grouss Aventure fir de franséische Marché, dee scho laang kee Bild méi vum Vincent van Gogh an dëser Qualitéit gesinn huet.” D’Wierk war ronn 100 Joer am Besëtz vun enger franséischer Famill a war op e Wäert vu bis zu 8 Milliounen Euro geschat ginn. Dorop ze gesinn d’Wandmille vu Montmartre, dat deemools en Duerf um nërdleche Rand vu Paräis war.
Bei der selwechter Auktioun koumen och Wierker vu Kënschtler wéi dem Edgar Degas, René Magritte an Amedeo Modigliani ënnert den Hummer.
Dat lescht Bild “Laboureur dans un champ”, wat vum hollännesche Moler versteet gouf, goung 2017 bei Christie’s zu New York fir 81 Milliounen Dollar (ronn 69 Milliounen Euro) iwwert den Dësch.